top of page

Du bass u Musek interesséiert ?

Da bass du beim Jugendtreff Saba genau richteg ! Mer hunn e Proufsall wou ka geüübt ginn (eleng oder als Band) an e Studio mat dem s du deng eege Musek kanns ophuelen oder Beats kreéieren.

 

Fir de Proufsall oder de Studio ze benotzen, brauchs du keng Erfarung am Beräich vun der Musek, mee dubrauchs du als éischt eng Memberskaart, hei kriss du am Jugendhaus Zolwer oder Suessem de néidege Formulaire, de fëlls du dann zesumme mat dengen Elteren aus a bréngs en mat 3 € zeréck. Da kanns du e Rendezvous ausmaache fir de Proufsall oder Studio ze benotzen.

ZIELER

 

De Jonken eng Plaz ginn, wou si sech kënnen ausdrécken.

De Jonken dat néidegt Material zur Verfügung stellen fir sech musikalesch auszeprobéieren.

Kreativitéit fuerderen.

Den Interesse vun de Jonken erwäche fir hir eege Musek ze kreéieren.

Valorisatioun

Participatioun

bottom of page